top of page

Wat bidde mir ?

Home-Our Mission-1.jpg

Social Rides

Du bass net gär aleng ënnerwee a schléiss dech gär enger Grupp un, da bass du bei eis genee richteg! Egal wéi al oder jonk, mir maachen zesumme Sortien, wou mir vill Spaass zesumme wäerten hunn.

Technical Skills Training

Du fiers zwar gutt op der Strooss oder um Feldwee, mee dat geet dir net duer. Du wëlls gär kënnen däi Bike am typeschen Mëllerdaller Terrain beherrschen a léiers gär déi verschidde Skills déi en dofir brauch?

 

Mir organiséiere puer Mol am Joer Technical Skills Training. Mell dech roueg bei eis ! 

skills mtb.jpg
Schnuppercourse.PNG

Schnupper-Coursë fir all Alter

Du wëlls Mountainbike fueren? Eis Schnupper-Coursë bidden déi perfekt Geleeënheet! Egal ob Kand, Teenie oder Erwuessenen - jiddereen ass wëllkomm.

A klenge Gruppe léiere mir d'Grondlagen op eng lëschteg Manéier, ginn Tipps zur Fuertechnik a suerge fir vill Spaass um Vëlo.

Wichteg: Bréngt w.e.g. Äert eegent Mountainbike an Helm mat!

Ateliers

Du wëlls wësse wéis du däi Bike an de Rei häls oder wëlls och just wësse wéis du däi Bike iwwerwanters. Mir maachen den en oder aneren Atelier zu dësen a méi Themen.

Home-Our Mission-2.jpg
bottom of page